Die Leiden der jungen Juanita - Massimo Sartini - ebook

Die Leiden der jungen Juanita ebook

Massimo Sartini

0,0
37,63 zł

-50%
Zbieraj punkty w Klubie Mola Książkowego i kupuj ebooki, audiobooki oraz książki papierowe do 50% taniej.
Dowiedz się więcej.
Opis

Wien hätt dann nach Loscht d'Geschicht vun engem bestuetenen Don Juan ze liesen? Wahrscheinlech keen, mee dat schéinst un de Klassiker ass, wéi eisen Don Juan géif soen, dass hir Lieser ni fäerdeg ginn, iwwert hir Haaptpersonnagen ze phantaséieren. D'Geschicht vum Don Juan ass eng Legend, déi weltberühmt Schrëftsteller wéi de Molière oder de Lord Byron wäit iwwerdauert huet. Et zielt ee schonn net méi all déi Theaterstécker, Romaner, Gedichter, déi geschriwwen, oder all déi Filmer, déi iwwert hie gedréint gi sinn. Wat fir ee Personnage wier dann de Don Juan am eenanzwanzegste Joerhonnert? Kann en Atheist, an enger Zäit, déi Schwieregkeeten huet, u Gott ze gleewen, oder e Fraenheld, an enger Zäit, wou d'Frae grad esouvill friemginn ewéi d'Männer, iwwerhaapt nach schockéieren? Dat sinn nëmmen e puer vun deene Froen, déi Namasté sech bei dësem Stéck gestallt huet. En Don Juan op d'Bühn ze bréngen, deen nieft sengem Talent als Verführer, och mënschlech Swächte weise oder zougi kann, dat war eist Zil an eis Äntwert. E Papp, dee seng Feeler an der Erzéiung vu sengem Meedche Juanita erkennt, e Liebhaber, deen därmoossen am Leed ass, well hien, virun zwanzeg Joer, dem Anne, d'Mamm vu sengem Meedchen, esou wéi gedoen huet, wäert hien et fäerdegbréngen d'Juanita erëm op déi richteg Bunn ze bréngen an domat de Flamen vun der Häll z'entgoen?

Ebooka przeczytasz w aplikacjach Legimi lub dowolnej aplikacji obsługującej format:

EPUB

Liczba stron: 112

Rok wydania: 2019

Oceny
0,0
0
0
0
0
0
Więcej informacji
Więcej informacji
Legimi nie weryfikuje, czy opinie pochodzą od konsumentów, którzy nabyli lub czytali/słuchali daną pozycję, ale usuwa fałszywe opinie, jeśli je wykryje.